Dat ganzt Léierpersonal vun der Grondschoul aus der Gemeng Stengefort wënscht all sénge Schülerinnen a Schüler an hire Familljen eng schéin an erhuelsam Vakanz.

Mir soen iech alleguer, Kanner an Elteren villmools Merci fir dat flott Schouljoer an déi gutt Zesummenaarbecht.
D'Schouljoer 2015/2016 fänkt den Dënschdeg, 15. September 2015 ëm 8 Auer un.
Et ass Schoul vun 8:00h bis 12:35h.
Mir freeën eis op iech am neie Schouljoer...
Eise Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2, déi eis Stengeforter Grondschoul elo fir de Lycée verloossen, wënsche mir weiderhin vill Erfolleg a Freed beim Léieren.