Dat ganzt Léierpersonal vun der Grondschoul aus der Gemeng Stengefort wënscht all sénge Schülerinnen a Schüler an hire Familljen eng schéin an erhuelsam Vakanz.
Mir soen iech all villmools Merci fir dat flott Schouljoer an déi gutt Zesummenaarbecht.
D'Schouljoer 2014/2015 fänkt de Méindeg, 15. September 2014 ëm 8 Auer un.
Et ass de GANZEN DAG Schoul.
Mir freeën eis op iech am neie Schouljoer...
Eise Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2, déi eis Stengeforter Grondschoul elo fir de Lycée verloossen, wënsche mir weiderhin vill Erfolleg a Freed beim Léieren.