![]() |
Concert vun der Schoulchorale "CPG Stengefort 2012" |
Ecole Fondamentale Steinfort - Kleinbettingen - Hagen
Grundschule Steinfort - Kleinbettingen - Hagen
Grondschoul Stengefort - Klengbetten - Hoen
Montag, 24. Dezember 2012
Concert am CPG zu Stengefort
Mat eiser "Schoulchorale" vu 45 Sänger aus de Klassen 3.1 bis 4.2 hu mir mëttwochsnomëttes, de 19. Dezember 2012 zu Stengefort am Centre psycho-gériatrique Chrëschtlidder fir déi d'Résidents an d'Non-résidents gesongen. Domat droe mir als Schoul eisen Deel derzou bei, dass déi Leit net vergiess ginn.
Sonntag, 23. Dezember 2012
Concert um Chrëschtmaart 2012
Concert um Chrëschtmaart 2012
Zum Ofschloss vum Chrëschtmaart war de Sonndeg, 16. Dezember um 18 Auer e Concert, dee vu 45 Schoulkanner aus dem Cycle 3 a 4 gesonge gouf.
E grousse Merci un all Sängerinnen a Sänger, déi matgemaach hunn, fir hiren Asaz bei de Prouwen a beim Concert. Merci och dem Carine fir seng fräiwëlleg Hëllef. d'Equipe vun der Schoulchorale Stengefort
Zum Ofschloss vum Chrëschtmaart war de Sonndeg, 16. Dezember um 18 Auer e Concert, dee vu 45 Schoulkanner aus dem Cycle 3 a 4 gesonge gouf.
E grousse Merci un all Sängerinnen a Sänger, déi matgemaach hunn, fir hiren Asaz bei de Prouwen a beim Concert. Merci och dem Carine fir seng fräiwëlleg Hëllef. d'Equipe vun der Schoulchorale Stengefort
![]() |
Concert vun der Schoulchorale "Chrëschtmaart 2012" |
Mittwoch, 12. Dezember 2012
Nei Bilanen, ELO!
D'Stengeforter Grondschoul setzt sech fir nei verständlech Bilanen an.
affiche.pdf Download this file
Freitag, 7. Dezember 2012
Chrëschtmaart 2012 zu Stengefort op der Gemengeplaz
Och dëst Joer ass eis Schoul erëm mat engem Stand um Chrëschtmaart vertrueden.
Weider Infoen um Site vun der Gemeng http://steinfort.lu/3481/chreschtmaart-2011
Weider Infoen um Site vun der Gemeng http://steinfort.lu/3481/chreschtmaart-2011
Zum Ofschloss vum Chrëschtmaart de Sonndeg, 16. Dezember sangen iwwer 40 Schoulkanner aus de Cyclen 3 a 4 Chrëschtlidder an der Kierch.
De Programm mat allen Detailer fannt dir hei:
Oder als PDF fir erofzelueden:
cm2012_2.pdf Download this file
Dienstag, 4. September 2012
De Stengeforter Schoulbuet 2012/2013
schoulbuet12.pdf Download this file
Freitag, 13. Juli 2012
Schéi Vakanz - Schöne Ferien - Bonnes vacances - Good holidays - Bom feriado - Buenas vacaciones - Buone vacanze
Dat ganzt Léierpersonal vun der Grondschoul aus der Gemeng Stengefort wënscht all sénge Schülerinnen a Schüler an hire Familljen eng schéin an erhuelsam Vakanz.
Mir soen iech all villmools Merci fir dat flott Schouljoer an déi gutt Zesummenaarbecht.
D'Schouljoer 2012/2013 fänkt de Méindeg, 17. September 2012 ëm 8 Auer un.
Et ass de GANZEN DAG Schoul.
Mir freeën eis op iech am neie Schouljoer...
Eise Schülerinnen a Schüler, déi eis Stengeforter Grondschoul elo fir de Lycée verloossen, wënsche mir weiderhin vill Erfolleg a Freed beim Léieren.
Mittwoch, 11. Juli 2012
Scheckiwwerreechung vun 2500€ fir d'UNICEF
Haut de Moien hunn d'Schoulkanner der UNICEF e Scheck iwwer 2500€ iwwerreecht.
Dëst Geld ass den Erléis vun eiser Bicherwoch déi mir am Mee organiséiert haten.
Mir ënnerstëtzen domat de Projet "Des écoles pour l'Afrique", méi genee e Projet op Madagaskar.
An deem Kader hunn d'Mataarbechter vun der Unicef eis och interessant a léierräich Informatiounen iwwert de weltwäiten Asaz vun UNICEF ginn.
Dëst Geld ass den Erléis vun eiser Bicherwoch déi mir am Mee organiséiert haten.
Mir ënnerstëtzen domat de Projet "Des écoles pour l'Afrique", méi genee e Projet op Madagaskar.
An deem Kader hunn d'Mataarbechter vun der Unicef eis och interessant a léierräich Informatiounen iwwert de weltwäiten Asaz vun UNICEF ginn.
![]() |
Scheckiwwerreechung vun 2500€ fir d'UNICEF |
Scaf_fiche_projet.pdf Download this file
Donnerstag, 10. Mai 2012
Bicherwoch 2012 - Porte ouverte - Freideg, den 11. a Samschdeg, den 12. Mee
D’Grondschoul vu Stengefort invitéiert op d’Aktivitéite vun der Bicherwoch
Freideg, den 11. Mee (16-19h) an Samschdeg 12. Mee (10-12h an 14-16h) an der Maison Relais zu Stengefort
Um Programm stinn déi zwee Deeg: Liesunge vun de Kanner (just freides), eng Bicherausstellung an e Bicherfloumaart.
Den Erléis ass fir eng Aktioun vun der UNICEF „Des écoles pour l’Afrique“.
Fir den Honger an den Duuscht suergen d’Elterevertrieder vu Stengefort mat enger Kaffisstuff.
Dienstag, 8. Mai 2012
Bicherwoch 2012 - Konferenz
Konferenz de Mëttwoch, 9. Mee 2012 um 19:30 Auer
„Liesen – Freed an Eescht“
Vum Här an der Madame Guy a Lise Linster (mat gläichzäiteger mëndlecher Iwwersetzung op Franséisch) an der Maison Relais zu Stengefort. Fräi Entrée
Fir weider Renseignementer : Tel.399 313 311
Donnerstag, 26. April 2012
Bicherwoch 2012 zu Stengefort - de Programm
Booklet Flyer Bicherwoch-email.pdf Download this file
Montag, 9. April 2012
Cycle 2 - Bicher ABC an Europa - Mir maache mat !
Zu all Buchstaf aus dem Alphabet sichen d'Kanner en Auteur, en Titel, en Haaptpersonnage oder e wichtegen Objet aus engem Buch, am beschten aus villen europäesche Länner.
Dëst ass e Projet vum MENFP.All d'Klassen aus dem Cycle 2 vun eiser Schoul maache mat!
Dëst ass e Projet vum MENFP.All d'Klassen aus dem Cycle 2 vun eiser Schoul maache mat!
Samstag, 3. März 2012
UNI.LU - Ecoles associées - Partnerschulen
En tant que formateurs de terrain, les enseignants de 6 classes des cycles 2 à 4 de Steinfort, accueilleront des étudiants de la faculté des Sciences de l’Education de l’Université du Luxembourg (formation Bachelor en Sciences de l'Éducation, BScE) dans leurs classes pour un stage de plusieurs semaines.
Le temps de terrain constitue pour les étudiants un contact prolongé avec les élèves en situation réelle et avec tous les autres acteurs du champ éducatif.
En tant que formateurs de terrain, ces enseignants de l’Ecole Fondamentale Steinfort sont chargés de l’accompagnement et du suivi pédagogique des étudiants.
Freitag, 2. März 2012
Virliesconcours 2012
Bis zum Enn vum 2. Trimester siche mir am Kader vum Virliesconcours an eise Klasse vum Cycle 4 déi bescht Virlieserinnen Virlieser.
Méi Informatiounen dozou stinn an dem PDF Dokument.
Méi Informatiounen dozou stinn an dem PDF Dokument.
virliesconcours2012.pdf Download this file
Abonnieren
Posts (Atom)