Samstag, 29. Juli 2017

Schéi Vakanz 2017 - Schöne Ferien 2017 - Bonnes vacances 2017 - Good holidays 2017 - Bom feriado 2017 - Buenas vacaciones 2017 - Buone vacanze 2017

Dat ganzt Léierpersonal vun der Grondschoul aus der Gemeng Stengefort wënscht all sénge Schülerinnen a Schüler an hire Familljen eng schéin an erhuelsam Vakanz. 

Och an der Vakanz vergeet d'Zäit immens séier. Lo ass net nëmmen schon erëm e Schouljoer eriwwer mee och schon 2 Woche grouss Vakanz.
Dofir ass et lo un der Zäit iech alleguer, Kanner an Elteren villmools Merci fir dat flott Schouljoer an déi gutt Zesummenaarbecht am vergaangene Schouljoer ze soen. 
Dat neit Schouljoer 2017/2018 fänkt de Freideg, 15. September 2017 ëm 8 Auer un. Et ass de ganzen Dag Schoul vun 8:00h bis 11:50h a vu 14:00h bis 16:00h. Mir freeën eis op iech am neie Schouljoer...

Eise Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2, déi eis Stengeforter Grondschoul elo fir de Lycée verlooss hunn, wënsche mir weiderhin vill Erfolleg a Freed beim Léieren.