Dienstag, 24. Mai 2016

Regional Halleffinale vum Virliesconcours 2016 fir d’Schüler vum Cycle 4 (Mëttwoch 4. Mee 2016)

Zu Stengefort an der Aler Schmelz war de 4.Mee 2016 di regional Halleffinale vum VIRLIES-CONCOURS 2016 fir d’Schüler vum Cycle 4.

Di beschte Virlieser aus fënnef Schoulen hunn do virun engem gudd gefëlltene Sall vir d’éischt aus engem Buch virgelies, dat si selwer ausgewielt haten.
Pol Schmit vu Stengefort : 5 Freunde (Enid Blyton)
Clothy Christophory vu Recken : Sophie und die Hexe von nebenan (S.Wenzel)
Tom Lux vu Garnech : Die Schule der magischen Tiere (M.Auer)
Mariana Bouraad vu Käerjeng : Mon meilleur copain (Chr. Hanon)
Tim Trierweiler vu Leideleng : Packatuffi (Guy Rewenig)

Dono krut all Kandidat e puer Minutten Zäit fir en onbekanntenen Text kuerz ze liesen an dono dem Publikum virzeliesen.
Et waren dat Extraiten aus « Die wundersame Reise des Edward Tulane »  vum Kate di Camillo, « Quelle (mal)chance » vum Jacques Steffen an « Dem Kinnek säi Gaart » vum  Roland Mayer.

Dono huet d’Jury aus Enseignanten a Schüler sech zesumme fonnt fir dee beschte Virlieser ze bestëmmen. Dat war net sou einfach, well di jonk Lieser haten sech all vill Méi ginn.
Gewonnen huet den Tim Trierweiler ganz knapps virum Clothy Christophory. Hie wäert un der Finale den 28.Juni zu Miersch am Kulturhaus deelhuelen.

Di jonk Virlieser an d’Membere vun der Jury kruten e klenge Kado : e Buch, gestëft vum Educatiounsministère.

D’Schoulchorale vu Stengefort huet mat e puer flotte Lidder fir de musikaleschen Encadrement gesuergt.


Als Oofschloss huet d’Gemeng Stengefort op e Patt an e klenge Maufel invitéiert.




Liesung Cycle 4: Igor le chat - Mara Montebrusco

Donneschdes, den 2. Juni kënnt d'Madame Mara Montebrusco-Gaspari bei eis fir aus hierem Buch "Igor le chat et le mystère des 7 vies" virzeliesen.

D'Mme Montebrusco liest Passagen aus dem "Igor" vir, ausserdeem get si Erklärungen zum Beruff Auteur.

Och an eiser Schoulbibliothéik hu mir den Igor op franséisch an eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Lex Roth, ausserdeem och "La sorcière d'Opale".