Mittwoch, 31. August 2016

Schoulbuet 2016/2017

All Informatiounen iwwer d'Schoulrentrée 2016/2017 vun der Stengeforter Grondschoul.
Toutes les informations sur la rentrée scolaire 2016/2017 de l’école fondamentale de la commune de Steinfort. 


Pour télécharger le "Schoulbuet", veuillez cliquer ici.

Dir kënnt de Schoulbuet och direkt hei eroflueden.

Freitag, 15. Juli 2016

Schéi Vakanz 2016 - Schöne Ferien 2016 - Bonnes vacances 2016 - Good holidays 2016 - Bom feriado 2016 - Buenas vacaciones 2016 - Buone vacanze 2016

Dat ganzt Léierpersonal vun der Grondschoul aus der Gemeng Stengefort wënscht all sénge Schülerinnen a Schüler an hire Familljen eng schéin an erhuelsam Vakanz. 

D'Zäit vergeet ëmmer méi séier. Well schon ass erem e Schouljoer eriwwer.
Mir soen iech alleguer, Kanner an Elteren villmools Merci fir dat flott Schouljoer an déi gutt Zesummenaarbecht. 
D'Schouljoer 2016/2017 fänkt den Donneschdeg, 15. September 2016 ëm 8 Auer un. 
Et ass Schoul vun 8:00h bis 12:35h.
Mir freeën eis op iech am neie Schouljoer...
Eise Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2, déi eis Stengeforter Grondschoul elo fir de Lycée verloossen, wënsche mir weiderhin vill Erfolleg a Freed beim Léieren.

Donnerstag, 16. Juni 2016

Coupe scolaire de ce soir ANNULÉE / Coupe scolaire ABGESAGT

Suite aux prévisions météo et pour des raisons de sécurité, il a été décidé d'ANNULER la Coupe Scolaire à bicyclette de ce soir. 

Wetterbedingt und aus Gründen der Sicherheit wird die Coupe scolaire von heute Abend ABGESAGT.

Dienstag, 24. Mai 2016

Regional Halleffinale vum Virliesconcours 2016 fir d’Schüler vum Cycle 4 (Mëttwoch 4. Mee 2016)

Zu Stengefort an der Aler Schmelz war de 4.Mee 2016 di regional Halleffinale vum VIRLIES-CONCOURS 2016 fir d’Schüler vum Cycle 4.

Di beschte Virlieser aus fënnef Schoulen hunn do virun engem gudd gefëlltene Sall vir d’éischt aus engem Buch virgelies, dat si selwer ausgewielt haten.
Pol Schmit vu Stengefort : 5 Freunde (Enid Blyton)
Clothy Christophory vu Recken : Sophie und die Hexe von nebenan (S.Wenzel)
Tom Lux vu Garnech : Die Schule der magischen Tiere (M.Auer)
Mariana Bouraad vu Käerjeng : Mon meilleur copain (Chr. Hanon)
Tim Trierweiler vu Leideleng : Packatuffi (Guy Rewenig)

Dono krut all Kandidat e puer Minutten Zäit fir en onbekanntenen Text kuerz ze liesen an dono dem Publikum virzeliesen.
Et waren dat Extraiten aus « Die wundersame Reise des Edward Tulane »  vum Kate di Camillo, « Quelle (mal)chance » vum Jacques Steffen an « Dem Kinnek säi Gaart » vum  Roland Mayer.

Dono huet d’Jury aus Enseignanten a Schüler sech zesumme fonnt fir dee beschte Virlieser ze bestëmmen. Dat war net sou einfach, well di jonk Lieser haten sech all vill Méi ginn.
Gewonnen huet den Tim Trierweiler ganz knapps virum Clothy Christophory. Hie wäert un der Finale den 28.Juni zu Miersch am Kulturhaus deelhuelen.

Di jonk Virlieser an d’Membere vun der Jury kruten e klenge Kado : e Buch, gestëft vum Educatiounsministère.

D’Schoulchorale vu Stengefort huet mat e puer flotte Lidder fir de musikaleschen Encadrement gesuergt.


Als Oofschloss huet d’Gemeng Stengefort op e Patt an e klenge Maufel invitéiert.




Liesung Cycle 4: Igor le chat - Mara Montebrusco

Donneschdes, den 2. Juni kënnt d'Madame Mara Montebrusco-Gaspari bei eis fir aus hierem Buch "Igor le chat et le mystère des 7 vies" virzeliesen.

D'Mme Montebrusco liest Passagen aus dem "Igor" vir, ausserdeem get si Erklärungen zum Beruff Auteur.

Och an eiser Schoulbibliothéik hu mir den Igor op franséisch an eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Lex Roth, ausserdeem och "La sorcière d'Opale".


Freitag, 29. April 2016

Groussen Télévie-Dag zu Stengefort (23. Abrëll 2016)












5-fach Scheckiwwerreechung vun der EF Steinfort um groussen Télévie-Dag zu Stengefort
cycle 1 Ouschtermaart 3775.-
cycle 2 Kürbisfest 2150.-
cycles 1-4 zesumme mat der Maison Relais Chrëschtmaart 2700.-
cycles 1-4 course parrainée 14097.- (Update 29.04.2016: 17 686,50 EUR)
Elterevertrieder 840.-
Villmools MERCI eise Schülerinnen a Schüler vun deene 4 Cyclen, dem ganze Schoulpersonal an den Elterevertrieder fir dëst SUPER Resultat!


Samstag, 23. April 2016

Concert vun der Schoulchorale am Kader vum Télévie Dag zu Stengefort

Haut de Moien huet eis Schoulchorale e flotte Concert am Roudemer gesongen. Merci alle Sängerinnen a Sänger an hirer Equipe d'Encadrement.
Leider konnt d'Schoulchorale aus Zäitgrënn net all hir Lidder sangen. Si trieden awer de Mëttwoch 4. Mee um 18:00h nach eng Kéier am Kader vun der regionaler Halleffinale vum Virliesconcours an der aler Schmelz zu Stengefort op.

Donnerstag, 21. April 2016

23.4.2016: Télévie zu Stengefort - Concert vun der Schoulchorale

D'Schoulchorale, déi och schon zum Optakt vum Télévie am Dezember 2015 gesongen huet, séngt fir Iech am Kader vum groussen Télévie Dag zu Stengefort.

Mittwoch, 20. April 2016

Mëttwoch 4. Mee 2016 - Halleffinale vum Virliesconcours

D'Schoul vu Stengefort invitéiert Iech op d'Halleffinale vum Virliesconcours am Kulturzenter "Al Schmelz" zu Stengefort, mëttwochs, de 4. Mee 2016 um 18 Auer.

Mir giffen eis freeën, wa méiglechst vill Leit, Erwuessener wéi och Kanner, giffe lauschtere kommen an di jonk Virlieser ënnerstëtzen.

Mittwoch, 16. März 2016

Freideg 25. März 2016 - Course parrainée fir den Télévie

Am Kader vum Schoulsportdag 2016 lafen all d'Schülerinnen a Schüler aus der Stengeforter Grondschoul de Freideg 25. März 2016 fir de gudden Zweck. D'Buvette gëtt vun den Elterevertrieder assuréiert an dee gesamten Erléis vun dëser sportlecher Manifestatioun gëtt un den Télévie gespend.
All d'Elteren, d'Geschwëster an d'Grousseltere sinn häerzlech wëllkomm fir déi jonk Leeferinnen a Leefer ze ënnerstëtzen.