Montag, 24. Dezember 2012

Concert am CPG zu Stengefort

Mat eiser "Schoulchorale" vu 45 Sänger aus de Klassen 3.1 bis 4.2 hu mir mëttwochsnomëttes, de 19. Dezember 2012 zu Stengefort am Centre psycho-gériatrique Chrëschtlidder fir déi d'Résidents an d'Non-résidents gesongen. Domat droe mir als Schoul eisen Deel derzou bei, dass déi Leit net vergiess ginn.

Concert vun der Schoulchorale "CPG Stengefort 2012"

Sonntag, 23. Dezember 2012

Concert um Chrëschtmaart 2012

Concert um Chrëschtmaart 2012
Zum Ofschloss vum Chrëschtmaart war de Sonndeg, 16. Dezember um 18 Auer e Concert, dee vu 45 Schoulkanner aus dem Cycle 3 a 4 gesonge gouf.
E grousse Merci un all Sängerinnen a Sänger, déi matgemaach hunn, fir hiren Asaz bei de Prouwen a beim Concert. Merci och dem Carine fir seng fräiwëlleg Hëllef.

d'Equipe vun der Schoulchorale Stengefort

Concert vun der Schoulchorale "Chrëschtmaart 2012"

Mittwoch, 12. Dezember 2012

Nei Bilanen, ELO!

D'Stengeforter Grondschoul setzt sech fir nei verständlech Bilanen an.

Affiche

affiche.pdf Download this file

Freitag, 7. Dezember 2012

Chrëschtmaart 2012 zu Stengefort op der Gemengeplaz

Och dëst Joer ass eis Schoul erëm mat engem Stand um Chrëschtmaart vertrueden.
Weider Infoen um Site vun der Gemeng http://steinfort.lu/3481/chreschtmaart-2011

Zum Ofschloss vum Chrëschtmaart de Sonndeg, 16. Dezember sangen iwwer 40 Schoulkanner aus de Cyclen 3 a 4 Chrëschtlidder an der Kierch.

De Programm mat allen Detailer fannt dir hei:

Cm2012_2

Oder als PDF fir erofzelueden:

cm2012_2.pdf Download this file